Rapport vum extraordinaire Kongress

Den 3. Mee hun d’Chef/tainen vun den LGS op engem extraordinäre Kongress getraff fir iwwert 2 Punkten ze diskutéieren an heiriwwer ofzestëmmen.

Konkret as et em d’“Educational Proposal“ an em d‘ „Spiritualitéit bei den LGS“ gaang.

  • De RAP-Grupp huet no 2 Joer Aarbecht eng Propose fir den zukünftegen Edukativen Programm geschriwwen an huet sech iwwert de Wee vum Extraordinäre Kongress d’Legitimatioun gefroot fir weider an dëss Richtung ze schaffen.
  • Säit 2012 huet de Comité, an de ganze Verbandsgroup sech emmer erem mam Thema „Spiritualitéit bei den LGS“ ausernaanergesaat fir datt mer erem e méi kohärent Bild/Positioun vun eiser Relatioun zu Relioun a Spiritualitéit vermëttele kënnen.

No flotten a konstruktiven Diskussiounen an den 2 Workshopen gouf den Text iwwert „Spiritualitéit bei den LGS“ vum Kongress mat 84% an d’Educational Proposal mat 99% Jo Stëmmen ugeholl.

Soumat kruut de Comité an de ganze Verbandsgroup de kloren Optrag fir an de nächste Joren d’Statuten an dëss Richtung hin z’adaptéieren an d’Guide- Scouts Methoden fir dei verschidden Alterskatégorien z’aktualiséieren.