Wëllefchersrallye de 5. Juni

 

Léif Wëllefcheftainen a Wëllefchefs,

Wéi dir villäicht schonn um Chefdag héieren hutt, ass dëst Joer de Wëllefchersrallye de 5. Juni zu Hesper um Holleschbierg. Organiséiert gëtt en vum Grupp Don Bosco vum Houwald an dem Grupp HI. Franz vun Assisi vu Péiteng.

D’Houwalder Maskottchen, de Waldho, ass spurlos verschwonnen an mir brauchen hien esou séier wéi méiglech nees zeréck fir dass hien pünktlech zum 70. Jubiläum vum Houwalder Grupp nees do ass. Dofir ass Thema vum Rallye dëst Joer:

 

Wou ass de Waldho?

Sidd dir bereet eis ze hëllefen? Dann mellt iech w.e.g. bis spéitstens de 29. Februar 2016 un andeems dir är Suen iwwerweist an eis Umeldungsfiche eroflued an zeréckemaile op folgend Adress:

 

wellefchersrallye2016@gmail.com

(oder per Post: Fanni Muller, 4, rue Bel’Air, L-5318 Contern)

 

De Rallye kascht 12 Euro fir all Wëllefchen, a 5 Euro fir all Chef. Am Präis inclus sinn den Transport souwéi och de Badge. Jiddereen bréngt sech Picknick fir Mëttes mat. An der Mëttespaus wäert et och d’Méiglechkeet ginn, sech e Wupp vum Grill ze kafen.

 

BCEE LU09 0019 2355 2086 6000

Houwalder Guiden a Scouten/ CaraPio

 

Är Umeldung ass definitiv, wann dir eis d’Suen iwwerwisen hutt. Sollt dir nach kleng Changementer an der Zuel vun de Participanten hunn, sou ass dat bis den 1. Mee 2016 kee Problem.

 

All weider Informatiounen iwwert den Transport an d’Auerzäiten kritt per E-Mail, dofir gitt eis w.e.g. eng E-Mail Adress un, déi dir regelméisseg liese gitt. Bei Froen zéckt net iech ze mellen, per Mail oder och per Telefon (691 86 96 10, Jérôme Grillo)

Mir freeën eis elo schonn op de 5. Juni an hoffe ganz fest, dass mir eise Waldho nees erëmfannen.

Mat beschte Scoutsgréiss,

Jérôme Grillo