Thinking Day 2016

Et ass rëm sou weit, den 22ten Februar feieren mir mat den Scouten weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun déi säit 1932 existéiert  an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

D’ Scouten a d’ Guiden schécken sech Postkaarten mat schéine Gréiss um Thinkingday an zesummen mat Lichtenstein, Däitschland, Éisterräich an der Schwäiz, maache mir mat.

D’Thema dëst Joer ass CONNECT – sief verbonnen.

Mier sinn net eleng, mir sinn zu 42 Milliounen Scouten a Guiden op der Welt verbonnen mat der Natur, mat sech selwer, matenaner duerch Frëndschaften, mat der Gemeng. Mier liewen ënnert engem Verspriechen an enger Method déi fir eng besser Welt stinn.

Du wëlls och eng Postkaart kréien? A mat dengem Trupp der fortschécken?

Dann mell dech bis den 31.1.2106 un an den 11.2 kriss du dann d’Adressen  per Mail zougestallt.

Weider Informatiounen a Spiller fir deng Versammlung fënns du um Site www.thinkingday.de, am Attachment an an der Powerpoint.

Lenks Patt,

Nicole Baush

IC WAGGGS

Thinking Day 2016_A3