Wanted! “Nach Mataarbechter gesicht fir de Bealtaine Festival”

Bis elo hunn sech ronn 130 Mataarbechter fir de Bealtaine 2016 gemellt, dofir elo schons e grousse Merci

Mee leider, feelen eis nach e puer ganz wichteg Mataarbechter am Beräich Programm, do wou Kanner während e puer Stonnen eng flott a spannend Zäit erliewen kennen. Ronderem de Programm dréiht de ganze Bealtainefestival, resp. de ganze Projet.
Dofir desen ganz dringenden Appel.

Mir sichen nach Mataarbechter fir folgend Workshopen:
– Brout backen am Keltenhaus
– Naturmaterialien bastelen a Kärze géissen
– Specksteen
– Keramikaarbechten

Hues du also Loscht an Zäit eis dëse Weekend ze hëllefen, dann mell dech esou séier wéi méiglech.
Wat bidde mir?
• Gratis Entrée fir de Festival
• Vill Aarbecht awer och vill Spaass
•  Exklusiv Méiglechkeet Samschdes owes an besonnesch Sonndes owes mat eis ze feieren
• Ënnerstëtzung vum Projet „Native Village“
•  ….
Wéi kennt dir iech elo mellen:
Dir kennt eng mail un tom.lahr@lgs.lu schecken

Merci fir är Ënnerstëtzung.

 

Tom Lahr