Kongress a Chefdag 2016

Léif Guiden a Scouten, léif Cheftainen a Chef,

Mir, d’Diddelenger Guiden a Scouten vum Grupp St Jean, sinn houfreg iech dëse September um Kongress an um Chefdag zu Diddeleng dierfen ze begréissen.

Am Kader vun eisen 100 Joer Bestoen, freeë mir eis dëst Joer, nieft der Publikatioun vun enger Brochure, eiser Séance académique, eisem Gruppecamp, eisem 100-Joer-Logo a –Badge a ville weideren Aktivitéiten, och de Kongress an de Chefdag dierfen zu Diddeleng ze organiséieren.

Mëttwochs, den 21. September fënnt de Kongress zu Diddeleng am Veräinshaus (bei der Kierch) statt. Ab 18:30 Auer bidde mir e flotten After-Work a Grillade un, éier et um 19:30 Auer mam Kongress lass geet.

Fir de Chefdag, deen dëst Joer ganz ënnert dem Thema vum Camp „Go Urban“ steet, invitéiere mir Iech Sonndes, de 24. September ab 8:30 Auer op Diddeleng an den Hall Fondoucq (bei der aler Schmelz). Gestart gëtt mat Kaffi a Croissanten, enger Mass an enger klenger Begréissung. Duerno geet et moies weider mat enger Foire ganz am Kader vum Camp 2017. D’Mëttegiessen ass dëst Joer e bëssen anescht gestalt. Nämlech waarden 3 verschidden Iessbongen op Iech, mat deenen Dir Iech bei 3 verschidden Iessstänn (gefouert vu verschiddenen Diddelenger Veräiner) dierft zerwéiere goen. Och d’Brancheversammlungen am Nomëtte stinn ënnert dem Thema „Go Urban“ a sinn deemno Souscamp-Versammlungen. De ganzen Dag iwwer ass och selbstverständlech fir Gedrénks a Gegrills gesuergt.

Transport:

Mam Zuch ass Diddeleng ganz gutt erreechbar.

  • KONGRESS: Gare „Dudelange-Ville“ oder Gare „Dudelange-Centre“.
  • CHEFDAG: Gare „Dudelange-Usine“

Déi verschidde Parkméiglechkeete sinn am Plang markéiert.

Mir feeën eis op Iech,

Mat beschte Scoutsgréiss,

De Grupp St. Jean Diddeleng

OdJ vum Kongress a Chefdag: Ordre du jour vum Kongress sept2016

Pläng:  Plang Kongress  –   Plang Chefdag

Procuratioun fir de Kongress:  Procuration_LGS

Umeldung fir de Kongress a Chefdag 2016 (de Menu kascht 12€)  F30_Kongress_