OPGEPASST: KLAPPJUEGD !!!

E Geländespill, en Hike, en Nuetsbivouac am Hierscht …..

OPGEPASST :  KLAPPJUEGD !!!


Ufang vun der Saison 2016/2017:

15/10/2016

Virun der Aktivitéit:

  • Op geoportail.lu fënnt een ënner „environnement » an da « chasse » eng Lëscht vun de Klappjuegden an déi genee Plazen.
  • Wann een nët genee weess wou d’Aktivitéit ass, op der Gemeng oder beim Fierschter nofroen wien Juegdpächter ass an da bei deem froen op, a virun allem wou, eng Klappjuegd fir d’Zäit vun der Aktivitéit geplangt ass.
  • Wann, wéi z.B. bei engem gréissere Raid, nët genee gewosst ass, duerch wat fir Bëscher d’Leit ginn an um wifill Auer, kloer Verhalensregelen un all Participant virun der Aktivitéit ginn.

Dat heescht :

Schëlter an Ofspärunge respektéieren, och wann et en Emwee bedait; eventuell froë wéi laang d‘Juegd nach dauert fir ze waarde bis se ofgeblosen (eriwwer)ass. Dann awer op e kloere GO waarden ier een an de Bësch geet.

Esoubal ee mengt et wär een an eng Klappjuegd geroden, och wann ee sëch nët sëcher ass:

  1. Sëch duerch Schnëssen, Sangen a Päife bemierkbar maachen, esou datt all Jeeër a Kläpper mierkt datt et „keen“ Déier ass
  2. Onbedéngt op de Weeër bleiwen
  3. Onbedéngt zesummebleiwen
  4. Kucke fir op eng Strooss ze kommen, well d’Stroosse si fir Klappjuegten tabu; hei awer op de Verkéier oppassen