17
2016
Dec

Friddensliicht

Friddensliichtfeier 2016

(fir all Branchen vu Biber bis Raro)

e Samschdeg, de 17. Dezember

zu Biekerech bei der Sportshal (rue Jos Seyler)

Programm:

14.30 Auer Ukomme vun de Gruppen

14.45 – 17.30 Auer branchespezifesch Wanderungen (3 – 6 km) mat Statiounen/Ateliers zum Thema Fridden

17.30 – 18.15 Auer Iessen (Zopp mat oder ouni Wurscht – Dessert – Gedrénksstand)

18.30 Auer Friddensliichtveillée

19.30 Auer Schluss

Matbrénge muss jiddereen en Wanderrucksaack mat Täscheluucht, Gamell Becher (Bidon) a Besteck, Schong a Kleeder dem Wieder entspriechend, fir ze wanderen.

De Participatiounspräis ass 8,00,-/ pro Persoun (Zopp + Dessert, an e Badge)

Umelle soll een sech bis den 28. November                                                                                  

per mail un michele.hilger@lgs.lu andeems dir den Numm vum Grupp an Zuel ugitt zu wivill dir kommt.

an duerch d‘Iwwerweisung vum Participatiounsgeld op de Konto

Dexia BIL: LU10 0021 1929 8216 5200

mat dem Vermierk Participatioun-Friddensliicht  + Numm vum Grupp

 

kaerzebestellung-2016-mo