Iron-Scout 21. – 23. Abrëll 2017

Iron  Scout

Desst Joer ass den 10ten Iron Scout fir all d CaraPio Truppen aus dem Land.

 

Wat ass den Iron Scout?

Den Iron Scout ass déi ultimativ Erausfuerderung: 65km trëppelen an nëmmen 24 Stonnen.

Eng eenzegaarteg Geleeënheet seng Grenzen kennen ze leieren an driwwer raus ze wuessen.

Natierlech muss een den Wee net ganz goen, jidderee geet sou weit en well an sou weit wei en packt.

Am ganzen huet d’Regional Equipe Süden 3 verschidden Weeër organiséiert, een am Norden, een ronderëm den Stau an een Wee am Süden.

Jiddereen deen en Iron Scout mat geet huet sech en Badge verdéngt, ob deem festgehal gëtt weien Wee een mat getrëppelt ass an virun allem wie vill Kilometer een gepackt huet.

Och dëst Joer sammelen mir net nëmmen Bloderen un den Féiss, mä och Suen fir en gudden Zweck.

Wéini ass den Iron Scout? 

21. – 23. Abrëll  2017

Wou?

RDV ass Freides owes um 19:00 Auer zu am Chalet zu Klierf. 

Sonndes ass et esou geinnt 12:00 Auer eriwer.

Umeldung? Bis den 28/01/2017

Umellen kennt dir iech nemmen iwwert een mail un carapio@lgs.lu mam Numm vun der Trupp an der Unzuel vun den Carapio an den Chef. plus eng Iwwerweisung pro Trupp an bis den 1.3.2017.

 Preis?

Den Weekend kascht 30.- an desem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran.

Iwwerweisen op de Branchen Kont vun den CaraPio:

Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
vun den „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio“
mam Vermierk „Iron17“ dem Numm vun der Trupp  + Unzuenl CP & C .

w.e.g. just eng Iwwerweisung pro Trupp an bis den 1.3.2017

Matbrengen?

– Geschlof gëtt am Chalet, et sinn keng Better do, also alles matbréngen fir awer do ze schlofen.

– Gamel /Bidong

– alles wat en soss nach fir en Weekend brauch

– fir Iessen an Gedrengs ass gesuecht

-> Wichteg fir den Dag selwer de Wee ze goen

— een kleng Rucksack (fir Bidong an bëssen Iessen etz drann ze maachen, d’ Iessen get no an no ernnerwee verdeelt)

— ordentlech kleeder dei dem Wieder ugepasst sinn

— ordentlech Schong fir kennen 65 km ze trepplen!!!!

 

Mathëllef gesicht?

Eng firbereedungs Versammlung ass den 01.02.2017 um 1930 zu Gasperech am Home

dei Chef dei matginn sollen hei lanscht kommen, et gin nach Leit gesicht dei eng Hand matupacken, Merci

Don?

Mir ënnerstëtzen een gudden Zweck ?

ass nach net fest ?

Wéini ass den Iron Chef? 

9. Abrëll  2017

dest ass just een Dag an de Wee gëtt just an Etappen vun 10-20km ofgetreppel (dono zesummen Iessen)

Wann genuch Chef um Iron Scout derbäi sinn kennen der och e puer do de ganze Wee mat trepplen