Newsletter Januar 2017 (Nëmmen fir Lëtzebuerger Gruppen)

[:lb]Umeldungsfrist fir Gruppe verlängert bis den 31. Januar 2017

Dir kënnt bis den 31. Januar nach är Umeldung op https://join.gourban.lu vervollstännegen an och all d’Leit (Kanner/Chef) androen.

Duerno kënnt dir (ausser op speziell Ufro un join@GoUrban.lu) keng weider Participanten/Cheffe méi androe resp. läschen.  Drot w.e.g. och all d’Leit an, bei deenen dir nach net ganz sécher sidd ob si komme kënnen a schreift dat als Remark dobäi. Si mussen elo nach keen Acompte bezuelen.

Nom 31. Januar ginn dann och d’Rechnunge verschéckt. Iwwerweist bis dohin w.e.g. nach keng Suen a sot och ären Eltere Bescheed dass si op kee Fall solle selwer op de Go|Urban Konto iwwerweisen. Alles soll iwwert de Grupp zesumme bezuelt ginn.

 

Umeldunge fir d’(I)ST (Staff) a Minicamp-Crèche

Staffleit kënnen sech weiderhin op https://join.gourban.lu umellen. Si brauchen elo nach net ze bezuelen. Am Abrëll kënnt dir online ausfëllen, wéini dir genau do sidd a musst dann deementspriechend är Participatioun iwwerweisen. Dat selwecht gëllt fir de Minicamp an d’Crèche.

 

Gruppematerial fir de Go|Urban

De Go|Urban gëtt ee vun deene gréisste Campen hei zu Lëtzebuerg. Fir esou e Camp gëtt temporär vill Material fir déi adequat Infrastrukturen a fir e flotte Programm gebraucht.

Fir Onkäschten ze vermeiden, probéiert d’Logistik Ekipp méiglechst vill Material zesummen ze kréien, wat schonn disponibel ass bei Gemengen, staatlechen Organisatiounen an eben och vun eise lokale Gruppen.

Dofir hei e klengen Opruff fir äert Material fir de Go|Urban zur Verfügung ze stellen. Loosst eis wëssen, wat dir hutt an eis wéilt fir d’Zäit vum Camp léinen.

Hei fannt der de Formular.

Gruppen, déi dësen Ziedel schonn ausgefëllt hunn, brauchen dat net méi ze maachen.

 

Softshell Go|Urban                         

Eise Partner, de Freelander’s, huet d’Softshellaktioun nach eemol verlängert. Dir kënnt nach bis den 1. Mee beim Freelander’s am neien Deel vun der Belle Etoile äre Softshell fir 35 Euro bestellen. Probéiert do är Gréisst un: et gi Fraen- an Häremodeller vun XS-4XL. Déi nei bestallte Softshells sinn da fir de Camp fäerdeg.

Fraemodeller
http://www.russelleurope.com/…/softshell-jacke-f%C3%BCr-dam…

Häremodeller
http://www.russelleurope.com/…/jack…/product/softshell-jacke

 

Invitatioune vun auslännesche Gruppen op de Camp

Eng ganz Partie Gruppen aus dem Ausland hu sech schonn fir de Camp ugemellt, mee wat méi, wat besser. Dofir wiere mer frou, wann dir d‘Gruppen, mat deenen dir am Ausland Kontakt hutt, géift bei eis invitéieren. Hei fannt dir e Flyer, deen dir kënnt matschécken.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 [:en]Only for luxembourgish groups[:de]Nur für Luxemburger Gruppen[:fr]Seulement pour groupes luxembourgeois[:]