ING – Marathon 2017

Den 27. Mee ass an der Staat den ING-Marathon.

„Medecins sans frontières“, mat deenen d’LGS eng Partnerschaft hunn, sicht am Kader vun dësem Event nach Benevoler Déi hinnen hëllefen Streckenposten ze iwwerhuelen. Si sollen fir den gudden Oflaf a Sécherheet vun der Course suergen.

Wann dir interesséiert sidd Iech fir dësen Event ze engagéieren dann zéckt net a mëllt Iech op umeldung@lgs.lu un. D’Zentral leet Iech dann weider un den Responsabelen vun „Médecins sans frontières“.

All Hëllef gëtt gebraucht an dir sidd Wëllkomm an engem eenzegaartegen Kader ären Beitrag ze leeschten fir dass dësen Event en Erfolleg gëtt.

Weider Informatiounen iwwert den ING – Marathon fannt dir op : http://www.ing-night-marathon.lu/fr/