Absurd-Cup 2017 zu Bartreng

ABSURD-CUP 2017 ZU BARTRENG

Wéi bal all Joer invitéieren mir erëm op den Absurdcup, dat si Spiller ouni Grenze,n déi organiséiert ginn fir d’AvEx (11-14 Joer) aus dem ganzen Land.

Wéini? Sonndes den 13. Mee vu 10:00 bis 17:00

Wou? Zu Bartreng beim Home an der rue de la Fontaine

Fir ween? All d’Avextruppen aus dem Land

Ummellen? Per Onlineformulaire bis den 07. Mee 2017. Soubal dir iech ugemellt hutt kritt dir weider Detailer iwwert den Absurdcup

Präis? 5 pro AvEx, dës Sue mussen am viraus op den Konto iwwerwisen sinn, soss ass är Trupp net ugemellt. Am Präis inclus ass e Badge an e Gadget. Fir Chef ass et gratis, dofir solle si awer bei de Spiller hëllefen.

Iwwerweisung bis de 7. Mee 2017:

Avexekipp

IBAN LU84 0029 1827 9835 2300

BIC: BILLLULL

Vermierk: Grupp an Unzuel vun Kanner

Fir Iessen an Drénken suergen di Bartrenger. Dir kënnt iech natierlech och e Pic-nique matbréngen.

Mir freeën ons op jiddereen, deen dobäi ass.

Mat Beschte Gréiss,

Avex-Ekipp

[Formstack id=”2661403″ viewkey=”CzagKLcV0y”]