14
2017
May

JoCaPi 2017 zu Bartreng

Léif CaraPio Cheffen,

D’Lescht Joer hu sech d’Bartrenger CaraPio zu Eschduerf richteg druginn an och gewonnen! Domat hu mir och elo déi grouss Éier d’JoCaPi 2017 z’organiséieren.

Dofir ass dëss kéier d‘JoCaPi den 14. Mee 2017 zu Bartreng! 

Dat Ganzt wäert 13 € op de Kapp kaschten a mat abegraff ass moies de Kaffi, e waarmt Mëttegiessen en e flotte Badge.

Iwwerweist weg. den entspriechende Betrag mam Vermierk „JoCaPi 2017 + Numm vun der Grupp“ op folgende Kont:

CaraPio Bartreng, CCPL LU10 1111 1773 4832 0000

Fir eng optimal Organisatioun, géinge mir eis freeë wann Dir Iech bis spéitstens den 28. Januar 2017 per Post oder E-Mail géingt umellen:

jocapi-2017-umeldung

E-Mail: gilles.ourth@lgsbartreng.lu

 

Gilles Ourth

95, Route de Luxembourg

L-4761 Péiteng

 

Weider Detailer kommen natierlech an den nächste Wochen nach no.

Mir freeën eis an hoffen Iech alleguer d‘nächst Joer zu Bartreng op der JoCaPi begréissen ze kënnen.

Bescht Guiden a Scoute Gréiss,

Bartrenger CaraPio