19
2017
May

RaRo-Treff Dikrich

19:00

Chalet "Am Floss"

Léif RaRo,

Mir lueden Iech all häerzlech de 19. Mee op de RaRo Treff, de mir am Kader vun eisem 100. Gebuertsdag organiséieren, op Dikrich an. Mir géingen eis freeë wann dir zu sou vill wéi nëmme méiglech komme géift.

Dat ganzt fänkt um 18h30 bei eisem Chalet am Floss un (36, am Floss L-9232 Dikrich).

De Programm selwer start um 19h00.

Invitatioun als PDF: RRTreff17

Programm:

18h30 – Ab elo ass de Grill an eis Roverbud bis zum Schluss fir äre Plaiséier do. J

19h00Rallye duerch eist wonnerschingt Sauerstiedchen mat alle wichtegen Attraktiounen

21h30Karaoke Party mat eisem berühmt berüchtegten MC SQUARE.

Umeldung:

Als ganze Clan oder Eenzel bis den 11. Mee 2017 per E-Mail op raro@lgs.lu umellen.

Iwwernuechten:

Wee wëll kann natierlech, falls et net méi anescht geet, bei eis am Chalet schlofen. Sot bei der Umeldung w.e.gl. bescheed, d’Plaze sinn op 40 Stéck begrenzt! Bréng dann och däi Schlofsak mat.

Parking an Transport:

Bei eis an der Strooss ass ee gréisseren Chantier, dofir si keng bis wéineg Parkplazen direkt virun der Dir. Bei der Aler Seeërei oder op der Gare sinn awer vill gratis Parkplazen. Mam Zuch oder Bus geet natierlech och ganz gutt!