25
2016
Sep

CHEFDAG

08:30

Diddeleng an den Hall Fondoucq (bei der aler Schmelz)

25. September 2016 zu Diddeleng
08.30 Aschreiwen, Kaffi a Croissant
09.00 Mass (am groussen Zelt)
09.45 Paus
10.00 Plenum (Hal)
11.30-15.45 Foire GoUrban
11.30 Foire GoUrban
Sous-Camp Versammlung Wëllefcher (grousst Zelt)
Sous-Camp Versammlung Biber (klengt Zelt)
12.30-13.30 Mëttegiessen
13.30 Foire GoUrban
Sous-Camp Versammlung CaraPio (grousst Zelt)
Sous-Camp Versammlung Gruppechef (klengt Zelt)
14.45 Foire GoUrban
Sous-Camp Versammlung Avex (grousst Zelt)
Sous-Camp Versammlung RaRo (klengt Zelt)
15.45 Schluss-Animatioun (Hal)
16.15 Schluss

 


 

Léif Guiden a Scouten, léif Cheftainen a Chef,
Mir, d’Diddelenger Guiden a Scouten vum Grupp St Jean, sinn houfreg iech dëse September
um Kongress an um Chefdag zu Diddeleng dierfen ze begréissen.
Am Kader vun eisen 100 Joer Bestoen, freeë mir eis dëst Joer, nieft der Publikatioun vun enger
Brochure, eiser Séance académique, eisem Gruppecamp, eisem 100-Joer-Logo a –Badge a
ville weideren Aktivitéiten, och de Kongress an de Chefdag dierfen zu Diddeleng ze organiséieren.
Mëttwochs, den 21. September fënnt de Kongress zu Diddeleng am Veräinshaus (bei der
Kierch) statt. Ab 18:30 Auer bidde mir e flotten After-Work a Grillade un, éier et um 19:30 Auer
mam Kongress lass geet.
Fir de Chefdag, deen dëst Joer ganz ënnert dem Thema vum Camp „Go Urban“ steet, invitéiere
mir Iech Sonndes, de 25. September ab 8:30 Auer op Diddeleng an den Hall Fondoucq
(bei der aler Schmelz). Gestart gëtt mat Kaffi a Croissanten, enger Mass an enger klenger
Begréissung. Duerno geet et moies weider mat enger Foire ganz am Kader vum Camp 2017.
D’Mëttegiessen ass dëst Joer e bëssen anescht gestalt. Nämlech waarden 3 verschidden Iessbongen
op Iech, mat deenen Dir Iech bei 3 verschidden Iessstänn (gefouert vu verschiddenen
Diddelenger Veräiner) dierft zerwéiere goen. Och d’Brancheversammlungen am Nomëtte stinn
ënnert dem Thema „Go Urban“ a sinn deemno Souscamp-Versammlungen. De ganzen Dag
iwwer ass och selbstverständlech fir Gedrénks a Gegrills gesuergt.
Transport:
Mam Zuch ass Diddeleng ganz gutt erreechbar.

  • KONGRESS: Gare „Dudelange-Ville“ oder Gare „Dudelange-Centre“.
  • CHEFDAG: Gare „Dudelange-Usine“

Déi verschidde Parkméiglechkeete sinn am Plang markéiert.
Mir feeën eis op Iech,
Mat beschte Scoutsgréiss,
De Grupp St. Jean Diddeleng