06
2017
May

Kanudag 2017

Märjendall (Mariendall)

Léif Chef/tainen,

Wéi all Joers fënnt och dëst Joer de Kandudag statt. Anescht wéi déi Joeren virdru, gi mir den 6. Mee 2017 bei den SNJ an de Märjendall (Mariendall bei Miersch: http://marienthal.snj.lu/accessmap). Et ass obligatoresch de ganzen Dag matzemaachen!

Dir kënnt aus 4 verschiddenen Atelieren, dee wielen, deen iech am meeschten zouseet. Zudem gëtt eng Visite vum Center a senge Raimlechkeete gemaach, wou dir Informatiounen zur Reservatioun, de Workshopen an den Iwwernuechtunge kritt.

Denkt drunn, dass d’Parkplazen begrenzt sinn, fuert am beschten zesummen. Fir déi, déi den ëffentlechen Transport benotzen, dir musst op d’ Mierscher Gare fueren an vun do aus kritt dir um Quai 7 e Bus ëm 8 Auer fir dohin a vum Site zeréck op Miersch kritt dir e Bus ëm 18:03.

D’Atelieren ginn dobausse gemaach, dofir denkt drun är Kleedung de Wiederkonditiounen unzepassen. Dir kritt bei der Umeldung e Kaffi an e Croissant an fir e Mëttegiessen ass och gesuergt. Bréngt iech eng Fläsch Waasser mat, falls dir während den Atelieren duuschtreg gitt, well just eng Mëttespaus ageplangt ass.

Weider Infoen zu den Atelieren fannt dir op folgender Adress:http://marienthal.snj.lu/activites?field_theme_2_t…

De Kanudag kascht 20 Euro pro Persoun.

D’Konto No ass: “LGS FORMATIONS ” bäi der BIL : BILLLULL LU87 0021 1828 0032 0000

Ref: Kanu 17 + däi Numm

D’Umeldunge sinn ofgeschloss. Weider Infoen zum Kanudag kritt dir per Infomail kuerz virun dem 6. Mee.

Mir freeën eis op iech,

D’ Formatiunsekipp