29
2017
Apr

Scouts Welcome Refugees – Rallye Gourmand

09:00

D'Géisserei

Den 29. Abrëll ass de grousse gemeinsamen Event vun der FNEL an den LGS fir de Projet Scouts Welcome Refugees.

A gemëschte “Patrulle”, queesch duerch d’Gruppen, d’Branchen (vu Wëllefchersalter un) an d’Federatiounen, huele mir jeeweils e puer jonk Flüchtlinge fir deen Dag mat op e flotte Rallye duerch d’Stad.

Op de verschiddene Poste gëtt et eppes fir de Käppchen an och fir de Bäichi, ma virun allem geet et drëm an de Patrullen Team-Geescht ze beweisen.

Matmaache kënnen all d’Gruppen; ob se beim Scouts Welcome Refugees matmaachen, scho Flüchtlingen an hirem Grupp hunn oder net. 

  • Wat: E Rallye mat 10 Posten (dovunner 5 kulinarescher a 5 gruppendynamescher), an engem groussen Open-air Cooking bei der Arrivée
  • Wien: Wëllefcher bis Cheffen
  • Wéini: den 29. Abrëll 2017
  • Wou: Start bei der Géisserei (5, rue Munchen Tesch- Eich) ab 9:00 duerch d’Stad op de Fetschenhaff ukommen ëm 14:00. Hei gëtt et da bis circa 16:30 Animatioun an Outdoor-Kichen aus verschiddene Länner ze schmaachen.

Umeldung: Limitéiert op 180 Leit, dofir mellt iech séier u beim Cathy (cathy.kirsch@lgs.lu) – bis den 31. Mäerz (Numm vum Grupp, Branche an Nimm vun de Participanten). Fir flott gemëschten Gruppen ze garantéieren, deelt eis w.e.g. mat op déi ugemellte Persounen vun hire Referenzpersounen däerfen getrennt ginn (Beispill Kanner oder Refugiéeën) an deelt eis mat wéivill vun äre Participanten Refugiéeë sinn.

Mir freeën eis!