Promo Shirt Go|Urban

Mir maache lo schonn T-Shirten a Poloen vum Go|Urban, fir esou op Kiermessen, Campen an aneren Scoutsaktivitéiten Reklamm fir de groussen internationale Camp ze maachen.

Du hues och Loscht Reklamm bei denge (Scouts-)Kollegen am In- an Ausland ze maachen?
Du wëlls och zu deene Scouten gehéieren, déi virum offizielle Camp-T-Shirt dësen T-Shirt oder Polo droen?

Bestell dir elo schonn en T-Shirt fir 10€ oder e Polo fir 15€ op Join.GoUrban.lu.

Du hues Loscht an Zäit fir dech an iergend enger Form beim internationale Camp 2017, dem Go|Urban ze engagéieren? Dann kuck hei: Wanted

Merci fir deng Mathëllef de Go|Urban no baussen ze droen.

Muster2