Go|Movie

gomovie

De Go|Urban 2017 ass DE Camp zu Lëtzebuerg fir souwuel aner lëtzebuerger wéi och auslännesch Guiden- a Scoutsgruppe kennen ze léieren an esou nei Frënn fir d’Liewen ze fannen. Fir d’Waardezäit bis de Camp ze verkierzn, lancéiere mir elo ee grousse Concours – de „Go|Movie“

Un dësem Concours kënne souwuel lëtzebuergesch, wéi och auslännesch Scoutsgruppen deelhuelen. All Branche/Grupp soll sech dobäi Gedanke maachen, wat si/hien sech ënnert dem Go|Urban virstellt an e Kuerzfilm vu maximal 30 Sekonnen doriwwer dréien.

Dës Kuerzfilmer ginn, soubal se ageschéckt goufen, op Facebook (facebook.com/GoUrban2017) publizéiert. Déi Branche (resp. Grupp), deenen hire Film bis den 16.07.2017 déi meeschten “Likes” op onser Facebooksäit huet, gewënnt een exklusive Grillowend um Camp. Ausserdeem wäerte verschidde Videoen fir weider PR Aktioune virum, während a nom Go|Urban benotzt ginn.

Aschécke kënnt dir är Filmer op web@GoUrban.lu

Denkt w.e.g. dorun den Accord vun den Elteren ze froen, falls dir d’Kanner mat filmt.

Folgend Froen – Stéchpunkten kënnen iech dobäi hëllefen Iddien ze fannen.

Wat ass fir dech de Go|Urban?

Wat wëlls du do erliewen?

Firwat soll een onbedéngt um Go|Urban deelhuelen?

5 Beräicher: Go|Adventure, Go|Creative, Go|Mind&Spirit, Go|Nature, Go|Social

Partizipativ- nohalteg – oppen – ganzheetlech

Weider Infoe fënns du op https://gourban.lgs.lu/concept/