13
2018
Jan

RaRo-Treff 2018

18:30

Jonglënster

Léiwe Clanchef, léif Ranger a Rover,

De RaRo – Treff steet virun der Dier. Dëst Guiden-a Scoutsjoer ass et de Jonglënster Clan, deen dësen traditionellen Treff organiséiert.

Du an däi ganze Clan ass heimatter häerzlechst op en flotte RaRo-Treff mat Nuetsspill zu Jonglënster invitéiert.

Heirënner fënns de déi wichtegst Informatioune fir dech unzemellen:

 

Wéini?   Samstegs, den 13. Januar 2018 um 18h30
Wou?          Am Préau vun der Sportshaal bei der Primärschoul zu Jonglënster

Route d‘Echternach, 6136 Jonglënster 

Umellen?        Perséinlech oder de Clanchef fir de ganze Clan bis de 07. Januar 2018 op raro@lgs.lu

Gëff deng E-Mail-Adress an Telefonsnummer w.e.g. mat un.

Rouden Rondel: Platz vum Raro-Treff
Gréng Rondelen: Parking, befannen sech an der rue du Village

Mat beschte Guide – a Scoutsgréiss

d’RaRo Ekipp