Jocapi 2018 zu Niederanven

DARK WONDERLAND

WÉINI?                 25 Mäerz 2018  vun 09:00-17:00
WOU?                   Niederanven beim Beschhaus

Guiden a Scouts  Chalet
um Sennengerbierg  (33 Bredewuess)

Umellen:            01 Februar 2018
Email:                Jocapi18@scouten.lu
mat folgenden Detailer:

  • Weivill Carapio / Chef
  • Menü mat Fleesch oder Vegan
  • Wei wëllt der dohi kommen
  • Kontakt Email fir weider Detailer

 

WAT KASCHT DAT?                15€ pro Persoun

als Grupp iwwerweisen : BILLLLULL  LU27 0024 5101 1541 4700
op de Konto vun de CaraPio Niederanven

WEI KOMMEN MIR DOHIN?

  • Mam Auto, Camionnette… et ginn just e puer Parkplazen awer net masseg.
  • Zuch / Bus:
    https://www.mobiliteit.lu/
    den Noosten Arrêt ass „Senningerbierg Breedewuess“
    do bleift de Bus 120 stoen e bësse méi wäit um Arrêt „Senningerbierg Charlys Statioun“ bleift den Bus 29 stoen déi fueren Allenzwee op der Gare an der Staat fort
    wien et mam Zuch op Mënsbech packt, de komme mer ofhuelen.
  • Sot eis dofir awer am viraus Bescheed

Bréngt är Gamelle, Besteck a Becher fir d‘ Mëttegiessen mat
… an e Bidon géint den Duuscht ënnerwee.

Bis geschwenn

Mir freeën eis an hoffen Iech alleguer zu Niederanven op der JoCaPi begréissen ze kënnen.

Bescht Guiden a Scoute Gréiss,
Niederanvener CaraPio

Breif als pdf: jocapi18t