Infoblat 01/2018

 

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

Op https://statuten.lgs.lu/artikeln-propose/ fann Dir eisen aktuelle Stand zu der Statutenännerung.
Mir hunn eis wärend dem leschte Scoutsjoer Gedanke gemaacht iwwert déi nei Statuten an och verschidden Artikele schonns geschriwwen.
Et ass eng Propose respektiv een Aarbechtsdokument vun eis, an op kee Fall déi endgülteg Fassung vir d’ Statutenännerung.

Dës Artikelen sollt dir liesen an eis all är Remarquen, Froen, Verbesserungsvirschléi maachen.

Dat hëlleft eis eraus ze fanne wou mer net mat de Wënsch vun der “Base” op enger Linn si mat eisen Iwwerleeungen, an d ‘Meenung vun allen Cheftainen & Chef mat afléissen ze loossen.

Mer freeën eis op ganz vill Réckmeldunge an eng ugereegte Diskussioun vun iech.

Mat beschte Guide- a Scoutsgréiss
D’ Ekipp Statutenännerung