29
2019
Mar

Iron-Scout 29. – 31. Mäerz 2019

19:00

süden

Desst Joer ass den 12ten Iron Scout fir all d’ CaraPio Truppen aus dem Land.

 

 

 

 

Wat ass den Iron Scout?

Den Iron Scout ass déi ultimativ Erausfuerderung: 65km trëppelen an nëmmen 24 Stonnen.

Eng eenzegaarteg Geleeënheet seng Grenzen kennen ze leieren an driwwer eraus ze wuessen.

Natierlech muss een den Wee net ganz goen, jidderee geet sou weit en well an sou weit wei en packt.

Am ganzen huet d’Regional Equipe Süden 3 verschidden Weeër organiséiert, een am Norden, een ronderëm den Stau an een Wee am Süden.

Jiddereen deen en Iron Scout mat geet huet sech en Badge verdéngt, ob deem festgehal gëtt weien Wee een mat getrëppelt ass an virun allem wie vill Kilometer een gepackt huet.

Och dëst Joer sammelen mir net nëmmen Bloderen un den Féiss, mä och Suen fir en gudden Zweck.

 

Wéini ass den Iron Scout?

29. – 31. Mäerz 2019

Freides Owes um 19:00 bis Sonndes Mëttes 12:00

Wou?

Am Süden

Matbréngen?

– Geschlof gëtt am Chalet, et sinn net genuch Better do, also alles matbréngen fir awer do ze schlofen.

– Gamell /Bidong

– alles wat en soss nach fir en Weekend brauch

– fir Iessen an Gedrengs ass geduecht

-> Wichteg fir den Dag selwer de Wee ze goen

— een klenge Rucksak (fir Bidong an bëssen Iessen etz dran ze maachen, d’ Iessen get no an no ernnerwee verdeelt)

— uerdentlech Kleeder déi dem Wieder ugepasst sinn

— uerdentlech Schong fir kennen 65 km ze trepplen!!!!

Don?

get den 7.2.  decidéiert

 

Umeldung?

sinn bis den 1/03/2019   (déi éischt sinn fir,  maximal 100 CaraPio & Chef kennen deelhuelen)

Dir musst iech iwwert de Formular ënnen op der Sait umellen plus eng Iwwerweisung pro Trupp bis den 1.3.2019!

–> Umeldung ass zou : Mir hunn iwwert 100 CaraPio

 

Preis?

Den Weekend kascht 33.- an dësem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran.

Iwwerweisen op de Branchen Kont vun den CaraPio:

Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
vun den „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio“
mam Vermierk „Iron19“ dem Numm vun der Trupp + Unzuel CP & C .

w.e.g. just eng Iwwerweisung pro Trupp an bis den 1.3.2019

 

Mir freeën eis op dech,