17
2020
Oct

Jota-Joti 2020

Worldwide

JAMBOREE ON THE AIR
JAMBOREE ON THE INTERNET

De JOTA-JOTI ass ee Weekend deen all Joers vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) organiséiert gëtt an dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat ronn 1,2 Milliounen anere Guiden & Scouten aus iwer 170 Länner ronderëm d’Welt a Kontakt ze kommen.

Déi ganz Kontakter gi mat der Technik vun Funk oder Computer gemaach, Techniken mat deenen grad eis jonk Guiden a Scouten ze begeeschteren sinn.

De Jota ass eng gutt Méiglechkeet, al weltwäit Frëndschaften ze pflegen an néi Kontakter ze knäppen an dëst ouni déi momentan Covid 19 Gefor.

Déi Guiden- an Scoutsgruppen déi all Joer matmaachen, kënnen sech op www.jotajoti.lu umellen.
Gruppen, déi sech fir dëse Weekend oder Thema interesséieren, fannen op www.jotajoti.lu vill Informatiounen a kënnen sech bei Froen op info@jotajoti.lu mellen.

äert JOTA JOTI Team Alexander Graham Bell