Slov’It 2020 – Back to Nature 16. – 28. Juli 2020

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.

Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.

Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.

Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.

Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.

  • Datum: 16. Juli Owes – 28. Juli Moies 2020
  • Wou: Bovec – Slovenien, Campplatz vun den Tolmin Scouten
  • Numm: Slov’It 2020 – back to nature
  • Präis: 525 Euro ob de Kapp (mat Réserve)
  • Umeldung: Definitiv Umeldung um Site per Formulaire  bis den 30. November

Den éischten Acompte vun 150,00.- EUR an domadder déi definitiv Umeldung, ass dann fir den 1. Dezember fälleg. Plangt dëst w.e.g mat äre CaraPio wäit genuch am Viraus, datt dir den 30.11.19 den Acompte kënnt bezuelen. Weider Acompte vu jeeweils ca 200,00.- EUR sinn den 01.03.20 an de 15.05.20 fälleg.

Bei all weidere Froe kënnt dir iech gäre mellen:

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.