LGS#StandWithUkraine

LGS#StandWithUkraine

4,085 sold badges.

332 badges still available.

Thanks to the generosity of “Lessure Workwear” (LGS Scout Shop), 100% will be donated.

Total donation of 20,425€ so far!

Get yours by filling in the form below ⤵️

Déi ukrainesch Guiden a Scoute brauchen dréngend Ënnerstëtzung fir mat all humanitären Efforten um Terrain ze hëllefen. De Guidissem a Scoutissem huet eng laang Geschicht fir Fridden, Dialog, Mënscherechter a Kannerechter ze fërderen. Dëst besonnech a Beräicher wou Konflikter entstinn. 

The Ukrainian guides and scouts urgently need support to help with all humanitarian efforts on the ground. Guiding and Scouting have a long history of promoting peace, dialogue, human rights and children’s rights. This is especially important in areas where conflicts arise.

Dofir lancéieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS), de #StandWithUkraine Badge. 

Dëse kascht 5€, an de ganzen Erléis geet als Don un déi zwee Guiden- a Scoutsverbänn, WOSM a WAGGGS. Déi zwee Weltverbänn ënnerstëtzen d’Guiden a Scouten an der Ukrain an an de Nopeschlänner mat all humanitärer Hëllef déi si de Moment brauchen.

Weider Informatiounen wéi d’Suen vu WOSM a WAGGGS agesat ginn, fannt dir hei:

Wa méiglech sollen d’Gruppen eng gemeinsam Bestellung maachen. Awer och eenzel Guiden a Scoute, Frënn, Famill, asw. kënnen eng Bestellung maachen an esou dës Aktioun ënnerstëtzen. 

Fëllt dofir w.e.g. de Formulaire hei ënnen drënner aus. 

All weider Informatioune kritt dir no ärer Bestellung per Email. Esoubal d’Badger do sinn , kënen dës an der Géisserei ofgeholl ginn. 

Fir all weider Froen kontaktéiert: ukraine@lgs.lu

That’s why Guides and Scouts of Luxembour are launching the #StandWithUkraine Badge.

This costs 5 €, and all proceeds go to the two guide and scout world associations, WOSM and WAGGGS. The two world organizations support the guides and scouts in Ukraine and their neighbouring countries with all the humanitarian aid they need at the moment.

Further information on how WOSM and WAGGGS funds will be allocated can be found here:

Whenever possible the groups should make a joint order. But also individual guides and scouts, friends, family, etc. can place an order and thus support this action.

Please fill in the form below. 

All further information will be sent to you after your order by email. Once the badgers arrive, they can be picked up at the “Géisserei”.

For further questions contact: ukraine@lgs.lu

Scho bestallte Badgen / Already sold badges: 4,085

Wéi kënnt dir nach hëllefen?

Béid Weltverbänn WOSM a WAGGGS hunn grouss Spendenaktioune lancéiert wou sech jidderee ka bedeelegen. Dir kënnt also dës Linken un Är Frënn, Famill a Scoute weiderginn.

D’Fonge gi souwuel un d’Grenzlänner wéi och un d’ukrainesch Guiden a Scouten, fir mat allen humanitären Efforten um Terrain ze hëllefen.

Done wäerte Folgendes ofdecken: Liewensmëttel, Medezin, Sanitär Produiten, Schlofsäck, Transportkäschten an aner néideg Versuergung. Dëst geschitt och mat psychologescher Ënnerstëtzung fir jonk Leit a Gemeinschaften, déi vum Krich betraff sinn. Méi Infoen heizou fannt dir ënnert de Linken.

D’Caritas an d’Croix-Rouge hu scho vill materiell Spende kritt. Deemnächst wäerten si hëllef brauche fir do den Tri vum Material ze maachen. Et wäert also an den nächsten Deeg en Opruff gemaach gi wou dir iech melle kënnt fir hei matzehëllefen. Weider Informatioune kommen no.

Kuckt och ob net schonn an ärer Gemeng sou eng Aktioun leeft. Informéiert iech ob dir do hëllefe kënnt.

De Ministere de la Famille, Zesumme mat der Caritas an der Croix-Rouge hunn eng Hotline ageriicht wou dir iech kënnt melle wann dir Ukrainer bei iech doheem wëllt ophuelen (+352 621796780; ukraine@zesummeliewen.lu)

Siicht no Demonstratiounen déi no bei iech sinn, gitt dohinner a setzt iech fir de Fridden, Mënscherechter a géint Gewalt an, weist Solidaritéit. Net vergiessen ären Foulard (an/oder Uniform) undoen!

Hei schonn en Opruff fir eng Demonstratioun “Stoppt de Krich” dëse Samschden, de 5. Mäerz um 15:00 op der Place Clairefontaine an der Stad Lëtzebuerg.

Sicht no weider Demonstratiounen hei: standwithukraine.live

Benotzt #StandwithUkraine fir är Posts op soziale Medien a verlinkt @guidenascouten @worldscouting @ukrscout @wagggsworld an @girlguidinginukraine

Wann dir eng Versammlung zum Thema Ukrain wëllt maache fannt dir an dësem PDF eng ganz Rei un Informatiounen.

PDF : LGS#StandWithUkraine

Dir hutt soss nach Froen zu dem Thema? Dann mellt iech bei: ukraine@lgs.lu