Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Salut 

Mir schreiwen Iech am Numm vun der Organisatiounsekipp vum Mystaria, dem nationale Wëllefcherscamp zu Stroossen.

Um Mystaria ginn d’Wëllefcher vum 20. bis de 26. Juli 2025 an eng geheimnisvoll verzaubert Welt entféiert, a fir dass dee Camp eis esou gutt wéi méiglech geléngt, si mir op ganz vill Leit ugewisen, déi eis eng Hand mat upake wëllen.

Op dëse Plaze gëtt nach Hëllef gebraucht:

Ravi: An der Kichen hëllefen, dat kënnen 1-2 Deeg sinn mä natierlech och gären de ganze Camp. Vill verschidden Aufgabe falen an dësem Beräich un. Mell dech dofir beim Dennis Heck (dennis.heck@lgs.lu oder ravi@mystaria.lu).

Fir méi genau Infos zu de Charge beim Ravi, klick op dëse Link:

Charge beim Ravi

Besuchsdag: Fir de leschte Campdag(26.7) siche mir no Amicalen/Albatrossen, déi bereet sinn e Gedrénks-oder Iessstand ze iwwerhuelen! Op dësem Dag ass de Camp op fir jiddereen, an d’Eltere kommen hir Kanner ofhuelen.

Ugespéngelt fënns du den Opruff fir Amicalen, Frënn asw deen s du kanns un är Ekippe weiderleeden.

Informatiounen Besucherdag

Programm: Den 21.7, 22.7., 23.7., 24.7. een Atelier oder Spill ubidden (am léifsten déi 4 Deeg; eenzel Deeg ginn awer och) oder de 25. Juli ee Spill bei der Olympiad encadréieren. Déi Ateliere resp Spiller si präparéiert an dir braucht just dohin ze kommen☺!

Hei sinn e puer Iddie:

  • Leit déi mat de Kanner bitze wëllen a bereet sinn déi eege Bitzmaschinn matzebréngen

  • Leit déi Loscht op Zirkus hun an evtl och schon e bessi Erfahrung hunn

  • Leit déi e puer Zaubertricker kënnen, an se och de Wëllefcher weisen resp. bäibrénge kéinten

  • Leit déi gäre schnëtzen

  • Leit, dei kreativ sinn

  • Leit, déi gäre Geschichten erzielen

Awer och wa keng vun denen opgezielte Saachen an däi “Schema” passt, kanns du dech trotzdem mellen; mir fanne fir jiddereen eppes! Mell dech dofir beim Jackie Appel (jackie.appel@lgs.lu oder programm@mystaria.lu)

Crèche/Minicamp: d’Kanner vum Staff encadréieren fir hinne wärend dem Camp flott Aktivitéiten ze bidden. Mell dech dofir beim Lexy Meier (lexmeier@gmail.com)

Falls du nach Froen hues, da mell dech beim Nicole (nicole.turmes@lgs.lu) oder beim Tija (cindy.melcher@lgs.lu) oder op eiser CampEmail(admin@mystaria.lu)!

Villmools Merci am Viraus scho fir deng Hëllef;

Nicole Turmes an Tija Melcher

Sekretariat um Mystaria-Camp

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken