Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Ettelbrecker Raro - Pub-Quiz

Moien,

Et ass nees esou wäit. D'Ettelbrécker RaRo organiséieren an der Chrëschtvakanz hire Pub-Quiz. Wéi déi lescht Joren och schonn ass ee gemittlechen Owend geplangt, fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Dat ganzt ass Méindes den 29ten Dezember am Scoutschalet am Grondwee (Hausnummer 67). Mir froen ee Startgeld vun 3 Euro pro Participant. Méi Detailer an d'Umeldung fannt dir an eisem Google Forms:

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdHdJl_5fJrMRpX8e_2ToPZqkSHvmr2Mea2NIfzLDdwhb_kcA/viewform?usp=header

Mat beschte Scoutsgréiss

Bechet Félix

LGS RaRo - Mister X an der Staat

Nach engkeier als Erennerung:

Den 13. Dezember ass et erëm sou wäit, mir organiseiren en Mister X.

Dëse fënnt statt an der Staat Lëtzebuerg.

D'Aktivitéit geet um 14h00 um Glacis lass an dauert bis ongeféier 18h00. Den Ooflaaf vum Spill erkläre mer iech sur place! 😉

Et gett och eng Whatsapp-Grupp gemaach vir deen daag, denkt also drun, äer Nummeren parat ze hun!

Den Owend loosse mer gemittlech um Chrëschtmaart auskléngen (optional).

Wann dech des Aktivitéit uschwätzt, da mell dech elo mat dengem Clan oder eleng um raro@lgs.lu un a verbréng mat eis e puer flotter Momenter.

 

Mir freeën eis op iech.

Äre Comissaire an seng Ekippen-Wiichtelcher

Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken