Lëtzebuerger Guiden a Scouten
News vun der Gruppenekipp

Léif Gruppecheffen a Gruppecheftainen,

hei fannt der wichteg Informatiounen vun der Gruppenekipp.

Gruppeniwwersiicht

De Verband wëll méi präsent an de Gruppe sinn a start dofir elo, zesumme mat de verschiddene Verbandsekippen mat enger Gruppeniwwersiicht.

Dobäi hu mir 15 Gruppen erausgesicht, bei deene mir verschidde Statistike méi genee analyséieren. Dës Gruppe si bewosst divers gewielt: vu méi grousse bis méi klengen, aus dem Norden an aus dem Süden – et ass also vu allem eppes dobäi.

Dëst soll op kee Fall eng Kontroll duerstellen, mee dem Verband hëllefen, e bessert Bild dovunner ze kréien, wéi et de Gruppen am ganze Land geet. Ziel ass et, Problemer fréi z’erkennen an zesumme mat iech Léisungen auszeschaffen an unzebidden. Kommt gär op eis Renconter, do erkläre mir iech dëst  méi am Detail an hutt dir och d’Méiglechkeet, är Froen ze stellen.

Verleeung vun der Formatioun

Fir eng qualitativ héichwäerteg a lieweg Formatioun kënnen unzebidden, hu mir decidéiert, d’Formatioun wéinst engem Mangel u Kandidatinnen a Kandidaten an den Hierscht ze verleeën. Falls dir nach interesséiert Persounen an äre Gruppen hutt, kënnt dir hinne gäre soen, sech den Datum vum 13. bis 15. November 2026 fräizehalen. Eng nei Umeldung gëtt am September verschéckt.

Renconteren

Renconter am Fréijoer:

Samschdes, de 14. Mäerz, vun 19 bis 21 Auer, fënnt , wéi geplangt, eis Renconter mat engem gemeinsamen Iessen zu Monnerech am Chalet statt. Heizou hu mir och déi Kandidatinnen a Kandidaten agelueden, déi dëst Joer un der Formatioun wollten deelhuelen.

Dës Renconter ass an zwee Deeler opgedeelt: Am éischten Deel stelle mir iech de Monitoring kuerz vir. Duerno maache mir, wéi gewinnt, eng méi spilleresch Aktivitéit, éier mir den Owend gemittlech bei engem Patt ausklénge loossen.

Mellt iech w.e.g. iwwer de follgende Link un:
https://chefbox.lgs.lu/desk/renconter/

 

Summerrenconter:

Eis Summerrenconter fënnt dëst Joer Sonndes, den 28. Juni, zu Réimech statt. Mir verbannen den Austausch mat enger Partie Minigolf. D’Renconter ass moies geplangt a schléisst mat engem gemeinsame Mëttegiessen of. Schreift iech dësen Datum gären elo schonn op. Merci elo schonn dem Réimecher Grupp fir den Accueil.

Mir hoffen, vill vun iech op béide Renconteren erëmzegesinn. Zéckt net, iech bei eis oder bei ärem Pätter respektiv ärer Giedel ze mellen, falls dir nach Froen hunn.

Léif Gréiss

Gruppenekipp

 

Lalux Assurances BeFresh BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken