|
Léif Cheffen a Cheftainen,
Dat ganzt Joer iwwer engagéiert dir iech fläisseg fir flott Aktivitéite fir är Branchen ze organiséieren. Fir iech Merci dofir ze soen, gëtt e Camp fir Chef:tainen organiséiert, wou dir zur Ofwiesslung als Participant kënnt dobäi sinn.
Mir, dat sinn dräi jonk Chef:tainen aus ënnerschiddleche Gruppen, organiséiere vum 9. bis de 13. September 2026 ee Seegelcamp an Holland fir jonk Chef:tainen tëschent 18 bis 23 Joer vun den LGS.
Dat ganzt fënnt zu Bruinisse statt a kascht +/- 350€/Kapp. Den Transport ass viraussiichtlech mam Flixbus.
Weider organisatoresch a logistesch Detailer kommen nach no a sinn och adaptabel wann de Konsens vun de Participanten dofir do ass. D’Unzuel u Participanten ass op 15 Leit limitéiert, dofir maacht iech bäi.
Nierwt engem flotte Programm um Boot bitt dës Aktivitéit iech d’Méiglechkeet, aner Chef:tainen aus dem Land kennenzeléieren an de Scoutismus an enger relaxer Atmosphäre, ganz ouni Kanner a Jonker, ze genéissen.
Dat ganzt kléngt fir dech wéi Musik an den Oueren? |