|
Gëff dengem Scoutsmaterial eng zweet Chance! 🌿
Hues du nach Scoutsmaterial doheem – e Rucksak, eng Gamelle oder soss Geschier, dat s du net reegelméisseg benotz? Outdoorkleeder, aus deenen s du erausgewuess bass oder eng Uniform, déi net méi passt?
Virun de Summercampe bidden d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten dir d’Méiglechkeet, däi Material um Second Hand weiderzeverkafen – an och selwer gutt Material ze fannen!
Du wëlls eppes verkafen? Mell dech un a gëff deng Saachen op enger vun de Sammelplazen of. D’Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet vun den LGS këmmert sech ëm de Verkaf – einfach a praktesch fir dech! |