Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Newsletter

1) Wëllefchersandacht, de 9. Mee 2026 an der Stad

2) Sprangprëssessioun, den 26. Mee 2026 zu Iechternach

3) Wëllefcher-Naturdag, den 20. Juni 2026 zu Stengefort

1) Wëllefchersandacht, den 9. Mee 2026 an der Stad

Eis Wëllefchersandacht ass dest Joer Samsdes mëttes, den 9. Mee 2026 ronderem d’Kathedral.

Dofir ginn et 2 Formullen:

 

Variant 1)

Dir kommt mat ärem Ruddel fir 15h an d’Stad a maacht do bei dene klenge Spiller an Atelieren am Kader vun der Andacht mat. Dat wier eng toll Méiglechkeet fir är Versammlung an d‘Stad ze verleeën! RV ass um 15h um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht selwer fänkt um 17:00 Auer un.
Schluss ass um 17:30h. Mellt äre Ruddel bis den 2. Mee iwwert folgenden Online-Formulaire un.

 

Variant 2)

Dir hutt vläit net genuch Chef fir deen Dag mat de Wëllef an d’Stad ze kommen. Da kënnt dir de Flyer heivun awer op ären nächsten Infobréif schreiwen, an da kënnen d’Eltere selwer mat hire Kanner an d’Stad kommen. 
Schreiwt hinnen, dass si mat hire Wëllef häerzlech wëllkomm an der Kathedral wieren. D’Andacht ass nämlech net just fir ganz Gruppen, mä do kënnen d’Kanner och individuell kommen. Vläit wiere puer Eltere frou fir mat hire Wëllefcher an d’Wëllefchersandacht ze kommen; awer dir als Chef hutt dann dee Moment keng Verpflichtung.

 

Schéckt dofir einfach de Flyer vun der Andacht un d’Eltere wieder, an da kënne si sech mam QR-Code umellen!

Umeldung Andacht
Flyer 2026
2) Sprangprëssessioun, den 26. Mee 2026 zu Iechternach

Fir d’Sprangprëssessioun probéire mir eng änlech Formule:

Vläit kënnt Dir den Elteren d’Info weiderginn, dass d’LGS e Grupp hunn deen all Joer matspréngt a wa si wéilte mat hirem Wëllefchen dorun deelhuelen, wieren si häerzlech Wëllkomm.

Méi Infos fënns du op dësem Link, deens du den Elteren och gäre weiderschécke kanns:

Infos
3) Wëllefcher-Naturdag, den 20. Juni 2026 zu Stengefort

Mir hunn nach e puer Plaze fräi fir eisen Naturdag zu Stengefort am Bësch!

Et ass en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen! Den Naturdag bitt de Wëllefcher 5 verschidden Ecker an deene jeweils verschidden Aktivitéite proposéiert ginn. D’Wëllefcher kënne fräi decidéiren bei wéi eng Aktivitéit si wëlle goen a wéi laang si wëlle bleiwen.

Wann dir interesséiert sidd fir mat ärem Ruddel nach deelzehuelen, da mellt Iech w.e.g. bis den 1. Mee iwwer folgende Formulaire un:

Umeldung Naturdag
Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken