|
Léif Biberchef- a Cheftainen,
Fir d'Scoutsjoer 2026/2027 siche mir eng motivéiert Biberfamill, déi de Bibertreff bei sech wëll organiséieren.
Wat heescht dat konkret?
De Grupp soll e Rallye fir ronn 300 Kanner an hir Chef preparéieren: de Wee eraussichen, d’Statioune mam néidege Material preparéieren, alles an eng flott Story verpacken an e Badge dozou entwërfen a bestellen.
Et soll mindestens ee gemeinsame Moment zum Schluss ginn, wou all d’Biber an hir Chef emol zesummekommen.
Et ass dem Grupp iwwerlooss, ob dir och Iessen a Gedrénks ubitt oder ob d’Familljen hire Pic-Nic selwer matbréngen.
Ee Member aus der Biberekipp ass ären Uspriechpartner a kann iech punktuell bei der Planung ënnerstëtzen.
D’Biberekipp këmmert sech ëm de Kontakt mat de Chef, d’Finanzen an iwwerhëlt den Dag selwer 1–2 Statiounen.
Mir géifen eis freeën, e Grupp ze fannen, deen de Bibertreff 2027 organiséiert!
Gären kënnen sech och 2 Gruppen zesumme mellen.
Dir sitt interesséiert? Da mellt iech op biber@lgs.lu
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss
D’Biberekipp |