Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Kongress 2026

Léif Guiden a Scouten,

Den 20. September 2026 ass um Verbandskongress d'Assemblée générale vun der Lëtzebuerger Guiden a Scouten a.s.b.l. Nieft de gewéinleche Punkten um Ordre du jour gëtt och de Conseil d’administration (CA) mat den neie Commissaire généraux gewielt. Fir datt d'Kandidaturen den offizielle Statuten entspriechen, hu mir hei déi wichtegst Punkte fir iech zesummegefaasst. 

Säit dem 07. Dezember 2024 hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten de Statut vun enger ASBL. Déi nei Statute vun der ASBL «Lëtzebuerger Guiden a Scouten» gesi fir, dass ob der Assemblée générale den CA gewielt gëtt. (Statuten ASBL - Art 6.2.) Déi al LGS Statute gëllen elo als Reglement Ordre Intern (ROI), fir de Lien teschend de Statute vun der ASBL an den alen LGS Statuten ze maache gëtt et d’Document de liaison. Des Weideren ginn et och déi al Reglementer an deene Verschiddenes festgehalen ass.


01. D’Kandidatur als Equipe

02. De Walvirgang um Kongress 

03. Wat kënnt duerno?

04. Dir wëllt iech opstellen?


01. D’Kandidatur als Equipe

KENG Eenzelkandidaturen: Et ass net méiglech, sech als eenzel Persoun fir de CA ze mellen. (Statuten ASBL - Art 7.3.)  

D’Lëscht: Et muss een obligatoresch als Equipe op enger Lëscht kandidéieren. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Gréisst vun der Equipe: Eng Lëscht muss tëscht 3 a 5 Persounen enthalen. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Geschlechterverhältnes: Op jiddwer Lëscht musse mindestens zwou Persoune vum anere Geschlecht sinn. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Alter: All Kandidat muss den Dag vun der Generalversammlung op d’mannst 18 Joer al sinn. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Deadline: All Kandidatur muss bis spéitstens ee Mount virun der Wal, also den 20. August 2026 beim President vum Verbandsrot agereecht ginn (Reglement 01 – Art 3.1)

Rollen: Zwee Membere vun all Equipe triede gläichzäiteg als Commissaires généraux an der selwechter Wal un. Um Walziedel ass ersiichtlech, wéi eng zwou Persoune vun der Equipe also Commissaires généraux untrieden.

Zum Ufank


02. De Walvirgang um Kongress

KENG Eenzelkandidaturen: Et ass net méiglech, sech als eenzel Persoun fir de CA ze mellen. (Statuten ASBL - Art 7.3.)  

D’Lëscht: Et muss een obligatoresch als Equipe op enger Lëscht kandidéieren. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Stëmmvirgang: Et gëtt fir eng komplett Lëscht gestëmmt; et ass net méiglech, eenzel Leit vu verschiddene Lëschten erauszesichen (kee Panachage). (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Majoritéit: Fir direkt am éischten Tour gewielt ze ginn, brauch eng Lëscht d’absolut Majoritéit vun de Stëmmen. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Zweeten Tour: Wann keng Lëscht d’absolut Majoritéit kritt, gëtt en zweeten Tour tëscht deenen zwou Lëschten organiséiert, déi am meeschte Stëmmen haten. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Spezialreegel bei Gläichstand: Sollten zwou Lëschten am zweete Walgang exakt d’selwecht vill Stëmmen hunn, gewënnt déi Lëscht mat der jéngster Altersmoyenne. (Statuten ASBL - Art 7.3.)

Zum Ufank


03. Wat kënnt duerno?

Mandat: D’Administrateure gi fir eng Dauer vun 3 Joer gewielt. (Statuten ASBL - Art 7.1.)

Engagement: D’Administrateure kënne fir maximal dräi weider Mandater erëm gewielt ginn. (Statuten ASBL - Art 7.1.)

Zum Ufank


04. Dir wëllt iech opstellen?

Är Kandidatur muss virum 20. August geschéckt ginn un: max.stoffel@education.lu 

Bei Froe mellt iech beim Coordinateur Administratif dem Alen Adrovic: alen.adrovic@lgs.lu 

Aus organisatoresche Grënn biede mer iech, sou séier wéi méiglech Kontakt mat hinnen opzehuelen.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Kongres_25_BC - 50_kleng

Zum Ufank


BeFresh BIL Lalux Assurances

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken