|
Awer opgepasst: De Willi däerf net einfach agespaart oder onméiglech ze fannen sinn. Aner Gruppen mussen eng fair Chance hunn, en nees ze entdecken an ze klauen. Sou kann de Willi bis de Festival, den 12. September, vu Grupp zu Grupp wanderen.
Fir d'Spill nach méi spannend ze maachen, sinn d'Willi'e mat engem AirTag equipéiert. Reegelméisseg verëffentleche mir d'Positioun vun den AirTags an eisem Newsletter an op eiser Website. Do fannt dir och ëmmer déi aktuell Informatiounen, bei wéi enger Grupp sech d'Willi'e grad befannen.
!Wann dir e Willi eruewert hutt, maacht eng Foto a schéckt se eis iwwer Instagram als Beweis! |