|
01. Kongress a Chefdag
Léif Memberen,
D'Lampertsbierger Guiden a Scouten si frou iech um Kongress a Chefdag kënnen ze empfänken! Hei sinn déi wichtegst Informatiounen op ee Bléck:
Programm & Plaz Samschdeg, 19. September ab 19:00: Afterwork mat Gegrills am Veräinshaus (85, avenue Pasteur, L-2311)
Sonndeg, 20. September: Kongress (ab 8:30) & Chefdag (ab 12:00) am Tramsschapp (Lampertsbierg)
Iessen a Gegrills Afterwork (Samschdeg): Keng Umeldung fir d'Iessen néideg. Mëttegiessen (Sonndeg): Umeldung obligatoresch bis dëse Mëttwoch, 16. September um 22:00 Auer! Duerno gi keng Commandë méi ugeholl. Extra Grill (Sonndeg): Thüringer, Mettwurschten a Veggi-Wurschten (ouni Virbestellung – Prinzip: wann näischt méi do ass, ass näischt méi do!).
Praktesch Informatiounen Cashless Event: Nëmme Kaartebezuelung (SumUp). Kee Payconiq, keng boer Suen!
Check-In / Scan vun der Chefkaart: Moies: Den Check-In fir de Kongress ass am Sekretariat. Nomëttes: Den Check-In fir de Chefdag ass an der Branchenversammlung.
Plang vum Site: Fannt dir am Anhang, sou wësst dir ëmmer wou wat ass. Tour de Luxembourg: Wéinst dem Vëlos-Tour kënnt et um Lampertsbierg zu Stroossespärungen an Ëmleedungen. Plangt w.e.g. genuch Zäit fir d'Urees an d'Ofrees an!
Umeldung & Procuratioun Umeldung: Ass online weiderhin op (individuell Umeldung).
Procuratioun: Wien verhënnert ass, kann engem anere stëmmberechtegte Member aus sengem Grupp eng Procuratioun ginn (max. 2 Stëmmkaarte pro Persoun). |