Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Kongress - Kandidatur

An enger Woch ass et esou wäit: D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten wielen um Kongress en neit Team (Conseil d'administration) fir déi nächst dräi Joer.

Nieft all ernannte Chef:taine huet och all Member tëscht 16 an 23 Joer e Stëmmrecht um Kongress. Laut eisen neie Statuten, déi am Dezember 2024 gestëmmt goufen, gëtt en Team vun dräi bis fënnef Persoune gewielt.

Fir dat nächst Mandat 2026–2029 läit eng Kandidatur vir: en Team vu fënnef Leit. Um Kongress gëtt d'Lëschtewal applizéiert — d'Membere stëmme mat Jo, Nee oder Enthalung iwwer déi ganz Lëscht.

D'Team, dat zur Wal steet, besteet aus follgende Persounen:

  • Cathy WEBER als Commissaire générale
  • Charel MAJERUS als Commissaire général
  • Aurélie DELL als Commissaire
  • Charel DONVEN als Commissaire
  • Xavier LÉTALON als Commissaire

Weider Informatiounen zu hirem Projet fannt dir hei:

Projet fir d'Mandat 2026-2029

walen.lgs.lu

Walen_Kongress26_Kandidatur

v.l.n.r. Aurélie Dell - Charel Donven - Charel Majerus - Xavier Létalon - Cathy Weber

BeFresh Lalux Assurances Spuerkeess

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |    Online kucken