Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Gruppenekipp - Verbandsrot

 Gudde Owend léif Gruppecheftainen a Gruppechef,

Dëst Joer sinn net just Wale fir en neie Conseil d'administration ze wiele mee et gëtt och en neie Verbandsrot gewielt.

De Verbandsrot ass e wichtegt Kontrollorgan bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Gruppechef/taine hunn 3 Platze fir Member vum Verbandsrot ze ginn.

Wann dir wëllt Member ginn, mellt iech wegl. beim Gruppencommissaire op claude.muller@lgs.lu

Wann mei wei 3 Kandidaten sech mellen, dann fennt um Kongress eng Wal statt wou all Gruppechef/taine seng 3 Stemmen däerf ofginn.

LGS Gruppenekipp - Verbandsrot

Eis Versammlung fir Gruppechef/taine ass um 15:30 um Lampertsbierg wou mir iech eis nei Ekipp virstellen an déi nei Opdeelung vun de Giedel a Pättere vun de Gruppe präsentéieren.

Leif Gréiss 

D'Gruppenekipp

BeFresh Lalux Assurances Spuerkeess

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |    Online kucken