|
06. Clic - Klimawandel a Krisevirbereedung Wéi bereede mir eis op Stierm, Iwwerschwemmungen an aner Auswierkunge vum Klimawandel vir?
Mam Programm CliC léieren d'Participanten op spilleresch a praktesch Aart, wéi si sech op Krisensituatioune preparéiere kënnen an dobäi hir emotional a praktesch Resilienz stäerken. Si entwéckelen Handlungsstrategien, stellen e Virbereedungs-Kit zesummen a léieren zouverlässeg Informatiounsquellen ze notzen.
📍 Centre de jeunesse Hollenfels
🕘 09:00 - 15:00 Auer
🎯 Zilgrupp: AvEx a CaraPio
D'Aktivitéit gëtt och als 2-Deeg-Programm mat Iwwernuechtung am Mariendall ugebueden. |