Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Nei Badger
Badger_Wëllefcher_Rewarding_System

et ass esou wäit! 🎉
De neie Rewardingsystem fir eis Wëllefcher steet an de Startlächer! Mat neie Badger, engem neie Poster a geschwënn och engem neie Pistebichelchen gëtt et dëst Scoutsjoer nach méi ze entdecken, ze léieren an ze sammelen. 

Um Chefdag hate mir iech de System schonn eng éischte Kéier virgestallt – elo geet et un d’Ëmsetzung an ärem Ruddel!

Fir iech dobäi esou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen, hu mir nei Annexen an d’Chefbox eropgelueden. Dir fannt se och direkt am Unhang vun dëser Newsletter.

💡 Am 1. Dokument fannt dir all wichteg Informatiounen zu de Badger an dem Poster – wéi de System funktionéiert a wéi dir en an ärem Ruddel asetze kënnt.

💡 Am 2. Dokument fannt dir eng Rei konkret Beispiller vun Aktivitéiten, déi dir mat äre Wëllefcher maache kënnt, fir déi verschidde Badger ze verdéngen.

 🎉An dat Bescht: Eis nei Badger sinn ab elo am Shop verfügbar!

Mir hoffen, dass de System iech an de Wëllefcher vill Spaass mécht an déi Kleng motivéiert, Neies auszeprobéieren, gemeinsam Abenteuer ze erliewen an hir Badger ze sammelen! 

Mir wënschen iech an äre Wëllefcher e flotte Start an e ganz schéint Scoutsjoer 2026/27! ⚜️

Lénks Patt,
Är Wëllefchersekipp

Erkläerung
Beispiller
Bestellung
Wëllefchersrallye zu Stengefort

Déi Stengeforter Wëllef freeën sech Iech dësst Joer op de Wellefchersrallye ze invitéieren, an zwar den 22.05.2027 zu Stengfort.

Dir kënnt Iech ab elo an bis spéitsdens den 3.1.2027 provisoresch umellen iwwert de folgenden Link:

Umeldung Rallye

Fir dass d'Organisatioun gudd klappt, gidd eis w.e.g. eng méiglechst genau Unzuel u Wëllefcher a Chef un.

Eng définitiv Umeldung mat Iwwerweisung vun de Suen brauche mer dann bis den 15.4.2027 

Hei nach eemol déi wichtegst Détailer am Iwwerbléck:

Datum: 22.5.2027 (de ganzen Dag)
Plaz: Stengefort beim Centre culturel "Keeseminne"
Präis: 10 € pro Wëllefchen an 0 € pro Chef (abegraff sinn Transport, Badge an Programm)

Ëmfro Andacht

Dat neit Scoutsjoër steet virun der Dier, an d'Wëllefchersekipp ass amgaang de Programm fir Joër opzesetzen.

Zu eisem Programm gehéiert ënner anerem och d'Wëllefchersandacht, déi emmer de läschte Samschdeg vun der Oktav an a ronderem d'Kathedral an der Stad ass.

D'Gruppe kënnen dohinner kommen, an bei Ateliere matmaachen. Herno gi mir da fir 20 Minutten zesummen an d'Kathedral fir ee besënnleche Moment. An der läschter Andacht ware bal keng Gruppen do. Dofir froe mir Iech gär kurz em är Meenung fir ze kucken ob et weidergeet oder net!

Ëmfro Andacht
IMG_33673
BeFresh Lalux Assurances Spuerkeess

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |    Online kucken