Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Biber - Paleo 2027

 

An der läschter Newsletter war e Link, deen net gaangen ass, dofir héi d'Newsletter mat engem neie Link :) 

Dëse Summer ass et endlech souwäit: de Paleo 2027 steet virun der Dier. Den nationale Bibercamp zum Thema Dinosaurier. D'Biber ginn zu Fuerscher an entdecken d'Zäit vun den Dinosaurier.

Fir eis d'Plange méi einfach ze machen freeën mir eis iwwert all provisoresch Umeldung. Mer brauchen nach keng genau Unzuel vu Biber a Chef, just eng Schätzung. Déi definitiv Umeldung ass am Dezember.

 

De Camp ass vum 20.-24. Juli zu Wäicherdang.

 

Déi provisoresch Umeldung leeft bis den 31.10.

 

Är Biberekipp

 

LGS Biber - Nationale Weekend

Dëst Joer organiséiere mer en nationale Biber-Weekend fir déi Famillen, déi net vill Kanner hunn oder net vill Chef oder dëst Joer kee Weekend eleng gestëmmt kréien.

De Weekend ass vum 20.-21. Mäerz. Wou soe mer iech soubal mer e Chalet reservéiert hunn.

 

Och hei gëtt et eng provisoresch Umelldung .

 

Är Biberekipp 

BeFresh Lalux Assurances Spuerkeess

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |    Online kucken