|
Léif Cheftainen a Chef,
no der laanger Dréchent am Summer biede mir iech, och am Hierscht besonnesch virsiichteg ze sinn, wann dir mat äre Kanner a Jonken an de Bësch gitt.
E puer wichteg Recommandatiounen:
- Halt iech, wa méiglech, un déi markéiert Weeër.
- Wielt fir Pausen oppe Plazen a vermeit Plazen direkt ënner Beem.
- Sidd opmierksam op lass oder beschiedegt Äscht, déi iwwer iech hänke kënnen.
- Gidd bei enger Alerte fir Stuerm a Reen vun Meteolux net an de Bësch.
Merci fir äre Bäitrag, fir d'Sécherheet vun eise Kanner a Jonken ze garantéieren.
Mat beschte Guiden-a Scoutsgréiss Ären CA |