|
|
Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS)
🚨 Save the date 🚨
9 - 11 Abrëll 2027
|
|
CaraPio, RaRo oder Chef wëllen hir kierperlech Limitte testen an iwwert sech selwer erauswuessen? Dann ass déi 19. Editioun vum Iron Scout duerch de Süden genee déi richteg Challenge fir si.
🥾 65 Kilometer bannent 24 Stonnen ⏱️
|
|
|
|
🤔 Fir wien ass den Iron Scout?
Jidderee ka mattrëppelen, mat senger Trupp oder zesumme mat neie Kollegen. Sief et als CaraPio, RaRo oder als Chef: All Participant ka säin eegent Zil op der 65 km laanger Streck setzen an huet 24 Stonnen Zäit, fir et ze erreechen. Et gi Badger fir 30, 40, 50 a 65 Kilometer.
Natierlech bleift keen eleng op der Streck. D’Cheffe suerge wärend dem ganze Weekend fir déi néideg Posten an de Ravitaillement.
|
|
|
|
❤️ Fir de gudde Zweck
All Participant kann sech am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen. Déi genau Informatiounen zum Sponsoring vum Iron Scout ginn an den nächste Wochen annoncéiert.
|
|
|
|
🧭 Chef
Cheffe kënnen um Iron Scout als Participant mattrëppelen oder Chargë wéi Ravitaillement, Posten, Transport, Animatioun, … iwwerhuelen, fir zum Succès vum Event bäizedroen.
|
|
|
|
⚜️ RaRo
Aus organisatoresche Grënn huele mir keng Umeldunge vu RaRo ouni e responsabele Chef un. Wann äre Clan net matgeet, frot einfach ronderëm, ob en anere Clan oder eng CaraPio-Trupp Iech ka mat umellen.
|
|
|
|
🛟 Staff gesicht!
Loscht, als Staff eng Hand unzepaken? Mir sichen nach Verstäerkung, déi eis um Weekend vum Iron Scout bei der Organisatioun a Koordinatioun hëlleft! Mell dech bei eis via … ironscout@lgs.lu
|
|
|
|
📰 Du wells mei Informatiounen?
Verpass keng Neiegkeet! Mell dech iwwer de Formulaire fir eis Newsletter un a bleif ëmmer um Lafenden iwwer den Iron Scout.
|
|
|
|
Bis geschwënn,
d'Iron Scout Ekipp
Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS)
|
|
Iron Scout 2027
· Lëtzebuerger Guiden a Scouten
|