|
De Funkraid ass ee flotte Rallye mat Funkapparat, Kaart a Kompass fir CaraPio Truppen. Maach mat!

CaraPio Nuetsfunkraid
Wat ass dat ?
Een Hike mat Funk fir all CaraPio Truppen. Um Programm steet:
- Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
- Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
- Orientéirungslaaf bei all Wieder duerch d’Land.
- Gruppenchallenge an klengen Ekippen.
- Een Erliefnis wat sécher hänken bleift!
Dëst ass eng National Aktivitéit an ass domat besonnesch intressant fir Truppe mat wéineg Chef oder Chef déi nach keng gülteg Ernennungen hunn.
Wéini / Wou ?
Samschdes den 30. Januar 2027 um Misärshaff Sonndes den 31. Januar 2027 um Misärshaff
Start: Samschdes Mëttes tëschent 14:00 an 14:30 Auer, Schluss: Sonndes Moies tëschent 10:30 an 11:00 Auer.
Präis an Umeldung?
Andeems all Trupp sech iwwert den Online Formulaire umellt: Chefbox | Funkraid 2027
De Formulaire fënns du ënnert dësem Bäitrag
an och d’Participatioun vu 35,00 € pro Persoun op de Konto vun de CaraPio iwwerweist:
- Kontosnummer: LU48 0022 0000 0134 5988 (Titulaire: Lëtzebuerger Guiden a Scouten, BIC: BILLLULL)
- Vermierk: Funkraid 27, , ,
- Just eng Iwwerweisung pro Trupp w.e.g.
D’Plaze si begrenzt, ma déi éischt si vir. Dofir maach dech bäi! 
Umeldeschluss ass den 4. Januar 2027!
Wichteg: D’Chef ginn och mat!
Mathuelen?
- Topo-Kart 1:20.000 R2 (Stauséi)
- Kompass + Réimer
- Blat + Bic
- Bidon
- Gezei fir bei all Wieder
- Warnwest
- Gamelle a Besteck
- Thermofläsch fir Téi oder Britt Zopp
- Schlofsak, Carry Mat, Zännbischt
- Schlappen
Froen?
Zéck net a mell dech bei eis: carapio@lgs.lu
Mir freeën eis op dech,
d’CaraPio Ekipp |