Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Gruppenekipp - Renconter, Formatioun, Lidd

• LGS Gruppenekipp – Hierscht-Renconter

Am Kader vun eiser Formatioun fënnt och dëst Joer nees eis Hierscht-Renconter fir all d'Gruppecheffen statt.

 

📅 Samschdes, de 14. November 2026

🕖 Um 19:00 Auer

📍 Keltenhaus Neihaischen

 

Wéi ëmmer géife mir eis freeën, wann dir iech Zäit huele kéint, fir zesumme mat den neie Gruppecheffen a Gruppecheftainen an den Austausch ze kommen an är Erfarungen mat hinnen ze deelen.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt!

Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 9.11.2026 ënner follgendem Link un:

https://chefbox.lgs.lu/desk/renconter/

• Formatioun fir Gruppecheffen

Falls dir nach Kandidatinnen oder Kandidaten hutt, déi interesséiert sinn, Gruppechef oder Gruppecheftaine ze ginn, hei nach eng Kéier d'Informatiounen zu eiser diesjähreger Formatioun:

 

📅 13.11.2026 bis de 15.11.2026

📍 Neihaischen

 

D'Umeldung fir d'Formatioun ass ënner follgendem Link méiglech:

https://chefbox.lgs.lu/portal/formatioun/201/

• Lidd – Mir sangen all dat selwecht Lidd!

Eis grouss Challenge: All Grupp séngt d'Lidd „Eng Guide, E Scout“ a filmt sech dobäi!

D'Challenge huet um Chefdag ugefaangen, an dir hutt nach bis Ufank Dezember Zäit, fir äre Video eropzelueden. Um Enn setze mir all d'Videoen zu engem grousse gemeinsame Video zesummen. Sou entsteet e flotte Projet, bei deem all Grupp Deel vun engem grousse Ganzen ass!

Maacht mat a luet äre Video hei erop.

 

📅 Lescht Deadline: de 6. Dezember 2026

 

Méi Informatioune fannt dir hei:

https://chefbox.lgs.lu/desk/roude-fuedem-lidd/

 

Mir freeën eis op iech, op eng flott Renconter an natierlech op vill flott Videoe vun äre Gruppen!

Léif Gréiss

LGS Gruppenekipp

BeFresh Lalux Assurances Spuerkeess

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |    Online kucken