Léif Cheftainen a Chefs,
Den Educatiounsministère huet haut nei Bestëmmunge fir d’Aktivitéite vun de Jugendorganisatiounen (also och vun de Guiden- a Scoutscampen) am Kontext vun der Covid-19 Pandemie erausginn.
Fir d’Guiden a Scouten gëllen elo folgend Reegelen:
CovidCheck :
- De „CovidCheck“ ka bei Guiden- a Scoutsaktivitéite benotzt ginn.
- Un enger Aktivitéit mat CovidCheck däerfe maximal 300 Leit deelhuelen.
Aktivitéiten dobaussen :
- Bei Aktivitéiten, déi dobausse statt fannen, musse keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
Aktivitéiten dobannen :
Mat CovidCheck:
- Et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
Ouni CovidCheck:
- Wann de Grupp aus maximal 10 Leit besteet: et mussen dobanne keng Maske gedroe ginn an et muss keng Distanz ënnertenee gehale ginn.
- Wann de Grupp aus méi wéi 10 Leit besteet: et mussn dobanne Maske gedroe ginn an d’Distanzreegele mussen agehale ginn.
Aktivéite mat Iwwernuechtung(en):
- Den Organisateur muss kontrolléieren dass all d’Participanten (Jonker a Chefs) eng vun dëse 4 Konditiounen erfëllen:
- Certificat vun der Impfung (CovidCheck)
- Certificat dass „geheelt“ (CovidCheck)
- Certificat vun engem negativen Test (CovidCheck)
- en negative Covid-Schnelltest, deen op der Plaz gemaach gouf
- Wann d’Aktivitéit méi wéi 2 Nuechten dauert, muss all Participant (Jonker a Chefs), deen net geimpft oder „geheelt“ ass, en zweete Schnelltest um drëtten Dag vun der Aktivitéit maachen. Wann ee vun dësen Tester positiv ass, muss d’Aktivitéit ofgebrach ginn.
- All Participant (respektiv d’Eltere bei Mannerjäregen) muss eng „déclaration sur l’honneur“ (cf. Modell vum Ministère) ausfëllen an domadder bestätegen dass hien an den Deeg virun der Aktivitéit keng Covid-Symptomer hat a wëssentlech kee Kontakt mat engem positive Fall vu Covid-19 hat.
Aktivitéiten am Ausland :
- D’Reegelen a Gesetzer vum jeeweilege Land mussen agehale ginn.
Schnelltester :
- D’Tester mussen op enger Plaz gemaach ginn, wou d’Participante ausernee sëtzen.
- Den Educatiounsministère stellt Schnelltester zur Verfügung. Dës kënne bis spéitstens 2 Woche virun der Aktivitéit an der Géisserei ugefrot ginn.
Sanitärt Konzept :
- Fir e spéideren „Tracing“ ze vereinfachen, muss fir all Camp obligatoresch e „sanitärt Konzept“ opgestallt ginn. Heizou gehéieren – ënnert anerem – folgend Punkten :
- Wéivill Participanten huelen um Camp deel a wéi sinn dës Gruppen agedeelt ?
- Wie schléift am selwechten Dortoire / Zelt ?
- Wien ësst um selwechten Dësch ?
Logbuch fir Visiteuren :
- Et soll eng Lëscht gefouert ginn, fir d’Leit ze identifizéieren, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren.
Informatioun vun den Elteren :
- Den Organisateur muss d’Elteren doriwwer informéieren, dass d’Aktivitéit kann zu all Moment ofgebrach ginn (z.B. wann e Schnelltest positiv ass) an dass si an deem Fall hier Kanner musse siche kommen. De Ministère huet heifir e Modellbréif ausgeschafft.
Mir wënschen iech alleguer e ganz flotte Camp,
Marc WEIS an Angélique KRIER, Team
David HECK, LGS-Dokter
|