Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Simply ScOUTing

Léif Cheftainen, léif Cheffen,

Mir ginn erëm eraus a bidden iech verschidde Formulen un! Dëst natierlech mat Anhale vun den aktuellen Covid19-Recommandatiounen: Aktivitéiten dobaussen a Gruppe vun 10 (mat de Chef inclus), déi net dierfe gemëscht ginn. Wärend der Aktivitéit muss eng Mask gedroe ginn.

 

Mir komme bei IECH!

Mir plange mat iech eng flott OUTdoor-Versammlung zu engem bestëmmten Thema an halen se mat iech zesummen an ärem Grupp. Dës Offer gëlt och fir Versammlungen déi an der Woch stattfanne sollen. Mellt iech dofir beim Cathy: cathy.kirsch@lgs.lu oder um: 269484-26.

 

Sortie- Simply ScOUTing

Mir bidde iech nach eng Kéier d’Méiglechkeet mat enger Branche aus ärem Grupp op d’Neihaische ze kommen fir do während 3 Stonnen Programm zum Thema “Simply ScOUTing” mat äre Jonken ze maachen. Prioritéit hunn déi Gruppen, déi nach fir eng „Simply ScOUTing-Aktivitéit“ um Neihaische waren:

  •  6. Februar vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu oder um: 269484-32)
  • 7. Februar vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Cathy: cathy.kirsch@lgs.lu oder um: 269484-26)

Mir kucke mat iech de Programm un är Jonk unzepassen, egal ob Hütte bauen, Outdoor Escapegame, Schnëtzen, am Keramik schaffen,… der Kreativitéit si keng Grenze gesat.

 

Weider Offeren

Aner Iddien vun deenen dir kënnt profitéieren fir äre Programm ze gestalten:

  • Ausléine vun eise pedagogesche Kofferen: Hutt dir Loscht, mat ärem Grupp eng Kéier den Zirkuskoffer auszeprobéieren, mat Naturmaterialien kreativ ze ginn oder mat Lehm ze schaffen? Dann frot einfach eis pedagogesch Kofferen un: Reservatioun pedagogesch Kofferen
  • Erstelle vun engem Actionbound-Account fir äre Grupp fir flott digital Rallyen ze maachen. Fir en Account ze erstellen an Hëllef bei der Planung ze kréien, kënnt dir iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu oder um: 269484-32 mellen. Dir fannt Beispillrallyen vum Kanudag op der Chefbox: Kanudag 2021. Hei e kuerzen Erklärungsfilm zum Actionbound: youtube.com 
  • An der Chefbox fannt dir d’Aktivitéitsbox: mat enger ganzer Rei verschidden Iddie fir Aktivitéiten am Grupp: Aktiviteitsbox. Dir kënnt uewen e Filter setzen (bei “Typ”) an iech alleguer eis “COVID-konform” Aktivitéiten uweise loossen. Probéiert och d`Aktivitéiten am Dokument Corona-Spiller aus.
  • Fir eng Rei vun de Spiller kënnt dir och „Schwammnuddelen“ gebrauchen, fir esou ëmmer d’Distanz kënnen anzehalen. 
    Dës Schwammnuddele kritt dir mam néidege Material um Neihaischen ausgeléint. Iwwert neihaischen@lgs.lu kënnt dir Schwammnuddelen an d’Material fir d’Spiller ausléinen.

 

Zéckt net iech bei eis ze mellen!

Marlen, Tom a Cathy

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken