Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 05.02.2021

Léif Cheftainen a Chef,

Den Edukatiounsminister huet de 4. Februar op enger Pressekonferenz nei Reegele fir de Kanner- a Jugendsecteur virgestallt, dei vum 6. Februar (Samschden) u gëllen.

Mir si frou, dass d’Aktivitéite vun de Guiden a Scouten weiderhin erlaabt bleiwen, ënnert de Restriktiounen, déi zanter dem 8. Januar gëllen.

An enger Email vum Edukationsministère ass dëst gëschter Owend leider falsch matgedeelt ginn. Dëst ass eis vun den offiziellen Instanze bestätegt ginn. D’Aktivitéite vun de Jugendorganisatioune si weiderhin erlaabt, wa se dobaussen stattfannen ! Hei fannt dir d'Kommunikatioun vun der Direction générale de la jeunesse un d'Guiden- a Scoutsgruppen.

 Fir d’Guiden a Scouten bedeit dëst also dass déi aktuell Reegele bestoe bleiwen :

  • D’Aktivitéite (Versammlungen a Sortien) fannen a Kontaktgruppe vu maximal 10 Leit (Kanner/Jugendlecher a Chefs zesummen) statt.
  • Eng Kontaktgrupp muss wärend der ganzer Aktivitéit vun deene selwechte Chefs betreit ginn.
  • E puer Kontaktgruppe kënnen zum selwechten Zäitpunkt eng Aktivitéit op deem selwechte Site hunn, ënnert der Konditioun dass se permanent Distanz zu eneen halen a sech net vermëschen.

Folgend Reegele gëllen dobai:

  • D’Aktivitéite däerfen nëmmen dobausse stattfannen.
  • Jiddereen huet wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un.
  • Iwwernuechtunge sinn net erlaabt.
  • Et däerf just dann zesumme giess ginn, wa jidderee seng eegen „Lunchtuut“ kritt. Et muss och dobausse giess ginn a jidderee muss dobäi eng Distanz vun op d’mannst 2 Meter zu deenen aneren anhalen.

Déi aktuell Mesurë fannt dir wéi gewinnt och ënnert lgs.lu/covid

Mir hoffen, dass dir trotz dëse Restriktioune flott Aktivitéite kënnt organiséieren. Als Guiden a Scouten kënne mir de Jonken, déi bei eis kommen, et erméiglechen, an engem geschützte Kader aktiv ze sinn, fir dass si esou gutt ewéi méiglech duerch dës Zäit kommen.

Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an äre super Asaz.

 

Marc WEIS an Angélique KRIER, Team

David HECK, LGS-Dokter

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken