28
2019
Jun

Fréijoersrenconter

19:30

Home St Jean Diddeleng

Leif Gruppecheftainen, léif Gruppechef,

Den 28 Juni 2019 ass déi nächst Renconter zu Diddeleng ënnert dem Thema « Back to the roots ». Wat gehéiert zu den Guiden a Scouten, Wat zeechent eis aus ? Zu dem Thema probéieren mer déi wichtegst Techniken nach eng Kéier selwer aus an kucken wat wichteg an der Formatioun vun eisen Cheftainen a Chef ass.

D’Gruppenekipp freet sech dech, léiwe Gruppechef an léif Gruppecheftaine zu Diddeleng am Home Saint Jean, rue du Mont Saint Jean, 3492 Dudelange, um 19 :30 Auer begréissen ze kennen.

Fir Iessen an Drénken ass vum Diddelenger Grupp gesuergt.