13
2018
Apr

Iron-Scout 13. – 15. Abrëll 2018

Desst Joer ass den 11ten Iron Scout fir all d CaraPio Truppen aus dem Land.

Wat ass den Iron Scout?

Den Iron Scout ass déi ultimativ Erausfuerderung: 65km trëppelen an nëmmen 24 Stonnen.

Eng eenzegaarteg Geleeënheet seng Grenzen kennen ze leieren an driwwer raus ze wuessen.

Natierlech muss een den Wee net ganz goen, jidderee geet sou weit en well an sou weit wei en packt.

Am ganzen huet d’Regional Equipe Süden 3 verschidden Weeër organiséiert, een am Norden, een ronderëm den Stau an een Wee am Süden.

Jiddereen deen en Iron Scout mat geet huet sech en Badge verdéngt, ob deem festgehal gëtt weien Wee een mat getrëppelt ass an virun allem wie vill Kilometer een gepackt huet.

Och dëst Joer sammelen mir net nëmmen Bloderen un den Féiss, mä och Suen fir en gudden Zweck.

Mathëllef gesicht?

Eng virbereedungs Versammlung ass den 06.03.2017 um 19:30h zu Monnerecher am Chalet. Mir bieden drëm dat vun all Trupp mindestens 1 Chef do ass! Deen Dag ginn Chargen und Chef verdeelt!

Wéini ass den Iron Scout?

13. – 15. Abrëll 2018

Wou?

RDV ass Freides owes um 19:00 Auer zu am Chalet zu Bilsdref.

Sonndes ass et esou geinnt 12:00 Auer eriwer.

Matbréngen?

– Geschlof gëtt am Chalet, et sinn net genuch Better do, also alles matbréngen fir awer do ze schlofen.

– Gamell /Bidong

– alles wat en soss nach fir en Weekend brauch

– fir Iessen an Gedrengs ass geduecht

-> Wichteg fir den Dag selwer de Wee ze goen

— een klenge Rucksak (fir Bidong an bëssen Iessen etz dran ze maachen, d’ Iessen get no an no ernnerwee verdeelt)

— uerdentlech Kleeder déi dem Wieder ugepasst sinn

— uerdentlech Schong fir kennen 65 km ze trepplen!!!!

Don?

Mir ënnerstëtzen een gudden Zweck:

hei de Link zum Ziedel fir “Sponsoren” ze fannen

IS2018-Sponsors-Verband

Wéini ass den Iron Chef?

24. Mäerz 2018

dëst ass just een Dag an de Wee gëtt just an Etappen vun 10-20km ofgetreppel (dono zesummen Iessen)

Wann genuch Chef um Iron Scout derbäi sinn kennen der och e puer do de ganze Wee mat trepplen

Umeldung?

sinn bis den 1/03/2018   (déi éischt sinn fir)

maximal 100 CaraPio & Chef kennen deelhuelen !

 

 

et sinn keng Umeldunegn mei Meiglech (mir sinn schon iwwert 100 Leit )

 

 

Dir musst iech iwwert de Formular ënnen op der Sait umellen plus eng Iwwerweisung pro Trupp bis den 1.3.2017!

 

 

Preis?

Den Weekend kascht 33.- an dësem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran.

Iwwerweisen op de Branchen Kont vun den CaraPio:

Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
vun den „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio“
mam Vermierk „Iron18“ dem Numm vun der Trupp + Unzuenl CP & C .

w.e.g. just eng Iwwerweisung pro Trupp an bis den 1.3.2018

Mir freeën eis op dech,