21
2019
Sep

Kanudag den 21. September 2019 am Mariandall

09:00

Mariendall

Léif Cheftaine, léiwe Chef

Dëst Joer sinn de Kanudag an de Chefdag Bestanddeeler vum Mosaik-Festival, dee vum 21. bis den 22. September 2019 um Site vum Jugendzenter (SNJ) am Mariendall stattfënnt.
Et ass dee gréissten Event am Guiden a Scoutsjoer. Dofir profitéier vum Austausch a vun der Geleegenheet, neien Input fir flott Scoutsaktivitéiten ze kréien, sief et am Beräich Nohaltegkeet, Teambuilding, Naturerfahrung etc….
De Kanudag selwer ass den 21. September bis 17 Auer. Dono kanns du e flotten Owend mat aner Chef/tainen, Concerten, Lagerfeier erliewen. Et ass och méiglech op der Plaz z’iwwernuechten. Den 22. September wäert de Chefdag um selwechte Site stattfannen.

Wichteg: Et si keng Parkplazen um Site. Dofir fueren Navette vun der Mierscher Gare.

De Kanudag kascht 20 Euro pro Persoun. Umeldung bis spéitstens den 8. September 2019.

Bei Froe kanns du dech entweder beim oder beim mellen!

Umeldung Kanudag 2019